Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Reegelen

Vu Wikipedia
Ofkierzung: WP:R

Wikipedia ass e gemeinschaftleche Projet mat engem gemeinschaftlechen Zil dat vun de meeschte Wikipedianer gedeelt gëtt.

Natierlech hu mer och all eis perséinlech Grënn fir matzemaachen, a jidderengem steet et fräi, säin Deel zum Grousse bäizedroe wéi hien et fir richteg empfënnt. Mä natierlech soll Wikipedia och eng nëtzlech a fiabel Source ginn.

Fir dëst Ziel ze erreechen, brauche mir natierlech eng Rei Regele fir d'Matenee méi einfach ze maachen, mat sou mann Sträit wéi méiglech. Dës Regele wëlle mer iech op dëser Säit kuerz oplëschten.

Verschidde Regelen huet de Grënner vu Wikipedia, den Jimbo Wales, fir offiziell erkläert, kuckt och dëse Bäitrag op Wikien-l an Jimbo Wales/Statement of principles.

Zentral Grondregele vun der Wikipedia

Folgend véier Punkte sinn zentral Grondsätz vun der Wikipedia.

  • Wikipedia ass eng Enzyklopedie: Wikipedia ass keen Dictionnaire a keen Diskussiounsforum. D'Diskussiounssäite sinn do fir d'Artikelen ze verbesseren an iwwert d'Artikelen ze diskutéieren. D'Wikipedia ass dofir do, fir eng Enzyklopedie opzebauen, kuckt och bei den Artikelen, déi et op all Wikipedia sollt ginn.
  • Neutralitéit: Op Wikipedia versiche mer, d'Artikele sou neutral wéi méiglech ze halen. Et geet net drëm, en Artikel no der gängeger Meenung ze schreiwen, mä éischter fir op all Point de vue anzegoen, ouni dobäi fir eng Richtung Partei z'ergräifen.
  • Kee Mëssbrauch vum Copyright: D'Artikelen op Wikipedia ginn ënnert der Creative Commons-Lizenz "Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 Unported" (CC-BY-SA) an der GNU Free Documentation License (GFDL) publizéiert. An ärem Artikel solle sech also nëmmen Donnéeë befannen, déi soit Domaine public, soit CC-BY-SA an/oder GNU Lizenz sinn. Wann dëst net de Fall ass, da loosst deen Deel vum Contenu léiwer direkt ewech. Datselwecht gëllt natierlech och fir d'Biller, déi der an ärem Artikel wëllt dobäisetzen.
  • Respekt vis-à-vis vun deenen anere Wikipedianer: D'Wikipedianer kommen aus verschiddene Länner mat anere Kulturen an Opfaassungen. Andeems mir deenen Aneren hir Meenung respektéiere kënne mir méi efficace zesummeschaffen an eng grouss Enzyklopedie zesummestellen.

Weider Unhaltspunkten

Folgend Punkte si Rotschléi, un déi ee sech wa méiglech hale soll, awer net muss. Natierlech soll dat Ganzt elo net eppes am Stil vun den Zéng Geboter sinn . Mä passt awer wa méiglech e bëssen op. Weider Konventioune fannt Dir op der Communautéitssäit an ënnert der Hëllef.

Déi meescht Artikelen op Wikipedia hu méi wéi een Auteur. All är Kontributioune si susceptibel, vun engem aneren Utilisateur verännert ze ginn, ouni datt dir dobäi iergendeen "droit de veto" hätt. Wann der mat dësem Prinzip net averstane sidd, dann ass Wikipedia eventuell déi falsch Adress fir iech. Dës Regel beinhalt och, datt der är Artikelen net signéiert. Wee genee dru geschafft huet, kann een am Historique noliesen.

Wie stellt déi Regelen eigentlech op ?

D'Majoritéit vun den allgemenge Regele gouf opgesat wéi d'Wikipedia gegrënnt ginn ass, ursprénglech op der englescher Wikipedia. Dann huet natierlech och all Sprooch hir spezifesch Regelen, déi virun allem mat der Sprooch oder mam Land ze dinn hunn. Zum Beispill: Op der lëtzebuergescher Wikipedia soll de "Koiné" geschriwwe ginn, dee méi oder wéineger op de "Stater" Dialekt erausleeft.

Wie passt op ?

Op Wikipedia passt jiddereen op, wat deen anere stiicht. Et gëtt kee Chefredakter, deen d'Artikele validéiere muss, éier se op de Site kommen, nach soss eng héich Kontrollinstanz. Natierlech ginn et d'Administrateuren, mä och si sinn net allmächteg a sollen deem ganzen och méi e Kader gi wéi als groussen Oppasser optrieden.

Dozou gehéiert natierlech och, hinnen onnëtz Aarbecht dohinzeleeën, wat jo net muss sinn:

  • Anonym schreiwen: Sidd iech bewosst, datt anonym Auteuren éischter kontrolléiert gi wéi "Stammclienten", déi regelméisseg Artikele verfaassen. Dofir sicht iech einfach ee Benotzernumm a loggt iech allkéiers an, wann der eppes schreiwe wëllt.
  • Denkt drun, d'Case "Kleng Ännerung" unzeklicken, wann der an engem Artikel nëmmen Tippfeeler verbessert oder Linke bäidrot, mä lo näischt Groussaarteges um Sënn vum Artikel ännert.
  • Denkt drun, är Ännerungen am "Resumé"-Feld kuerz ze beschreiwen, dat mécht et fir all Mënsch méi einfach, deen duerch den Historique kuckt, wat esou gemaach ginn ass an engem Dag.
  • Iwwerliest ären Text och emol selwer, a baut net op déi aner fir ëmmer är Feeler ze verbesseren.

Liest heizou och nach